KULTURELL AKTIVITÉITEN

    

Jo Kultur, dat sidd Dir!

 

Jo Kultur, dat sidd Dir, jiddwereen eenzelnen vun eisen 12.500 Memberen aus eisen 320 Veräiner, jiddwereen eenzelnen vun eisen 5.300 Schüler mat hiren 200 Chargés de cours.

 

Jo eng Panoplie vun Aktivitéiten, vun Manifestatiounen, vun kulturellen Highlights iwwert ganz Joer.

 

Jo, dat ass d'UGDA,

e Stéck lëtzebuerger Kultur,

e Stéck kulturell Identitéit vun eisem Land.

 

Mir sinn stolz eisen Beitrag um kulturellen an edukativen Plang kennen ze leeschten a sinn dankbar allen Institutiounen, allen Firmen, allen Privatleit déi eis bei eisen kulturellen Aktivitéiten op déi eng oder aner Aart a Weis ënnerstëtzen.

 

Mäin besonneschen Merci geet un alleréischter Stell un eis Kulturministesch d'Madame Maggy Nagel, déi op Grond vun eisen Aktivitéiten eis Konventioun bis 2018 verlängert huet an gläichzäiteg eng nei Konventioun mat eiser Musekschoul ofgeschloss huet.

 

Et ass dat fir eis alleguerten een Zeechen vun Unerkennung vun eiser Aarbecht, vun eisem Asaatz, vun eisem wäertvollen kulturellen Beitrag, deen mir alleguerten leeschten. Dofir e ganz häerzlechen Merci un d’Adress vun eiser Kulturministesch, verbonne mamm Verspriechen, alles ze maachen fir si an deene kommende Joeren net ze enttäuschen.

 

Den Asaatz joraus joran vun eisen Memberen ass méi ewéi bemierkenswäert, a verdéngt eisen groussen Respekt, eisen éierlechen Merci fir deen méi ewéi notable kulturellen Beitrag. Merci fir all déi onzähleg an excellent Optrëtter, déi Dir eis am Laf vum leschten Joer mat virbildlechem Idealismus a groussem Asaatz gebueden hutt. Ouni är Bedeelegung hätten mir d'lescht Joer net esou e flotten Programm kéinten zesummestellen.

 

Den Highlight 2014 wor awer sonnerzweifel d'Ënnerschreiwen vun 12 Kooperatiounsverträg, déi sech haaptsächlech mat der Jugendaarbecht, der Integratioun, der Formatioun an dem Austausch beschäftegen.

Dëst huet stattfonnt am Kader vum 1. Internationalen Festival fir Mandoline a Gittar am Schlass zu Buerglënster.

Net manner ewéi 400 Museker aus 6 europäeschen Länner hunn während 2 Deeg um Schlass 18 Concerten vum Allerfeinsten gebueden. Eng Organisatioun vum Guedber Mandolineveräin, déi

eng Première am lëtzebuerger Land duerstellt an e groussen Erfolleg wor.

 

Dës grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht erlaabt eis eis Aktivitéiten nach weider auszebauen, erlaabt eis iwwert den Tellerrand erauszekucken, erlaabt eis nei Weeër ze goen, nei Zieler an d'A ze faassen.

 

Wat Musekschoul ubelaangt, wor mat Sécherheet den leschtjähregen Highlight, de Musical "de Simmer Fluch" eng Co-Produktioun mam Service National de la Jeunesse. Net manner wéi 100 Jugendlecher hunn eis begeeschtert a sinn mat “standing Ovation” fir hiren bemierkenswäerten Asaatz belount ginn.

 

Doniewent goufen och eng ganz Rei Stagen an international Austauscher ofgehalen, un deenen net manner ewéi 800 Schüler bedeelegt woren. En groussen Erfolleg, deen ënnersträicht wéi grouss d'Jugendaarbecht an eiser Musekschoul an an eiser Federatioun ass.

 

Ëmsou méi freet et mech dass dësen Asaatz Unerkennung fënnt, bei eiser Kulturministesch an dass dat zum Ausdrock kennt mat enger eegener Konventioun fir eis Museksschoul, déi et erlaabt méi Transparenz tëschent d'Aktivitéiten vun der Federatioun an der Musekschoul ze bréngen.

 

All dat am Interêt vum kulturellen Liewen an eisem Land a weit iwwert Grenzen eraus.

 

Dank all deenen musikaleschen Highlights huet eis Federatioun, huet eis Museksschoul, e ganz héige Stellewäert am ganzen Land a weit iwwert Grenzen eraus.

 

Kultur ass keen Selbstzweck, Kultur ass keng Selbstverständlechkeet, Kultur ass keen Luxus.

Kultur ass fir eis all esou wichteg wéi dat deeglecht Brout.

 

Dëst geet och ganz kloer aus der 82. Eurobarometer-Studie ervir, déi kirzlech publizéiert gouf. Do steet Kultur mat 41% un aller éischter Stell wat Gemeinschaftsgefill an der EU ugeet, weit virum Sport, Sproochen a Geschicht.

 

Wéi traureg wier dann eisen Alldag ouni Musek a Gesank?

Wéi langweileg wieren dann all eis Feieren a Fester ouni Musek a Gesank?

 

Et sinn dach grad Musek a Gesank, déi eisen Alldag verschéineren, déi eis Dag an, Dag aus, nei positiv Impulser ginn, déi d'Konvivialitéit ënnert a mat eisen Matbierger förderen, déi e wichtegen Bestanddeel vun der Integratioun vun eisen Matbierger an hiren interessanten Kulturen sinn.

 

Eis Aufgab besteet ouni Zweiwel doranner, Kultur fir Jiddwereen ze maachen, eise lëtzebuerger Patrimoine beléift ze maachen, ze verbreeden an ze verteidegen, a gläichzäiteg d'Kulturen vun eisen auslännesche Matbierger bei eis opzehuelen a gemeinsam Projeten, esou wéi beim Musical "Päiffemeedel-Danzebouf", ze förderen.

 

Ouni dëst Zesummespill kann Kultur net fonctionnéieren, kann Kultur net jiddwerengem zougänglech gemeet ginn.

Kultur brauch Acteuren, brauch Mezenen, brauch Zuschauer, brauch Idealisten, brauch Verwalter an Entscheedungsträger.

Si all verdéngen eis grouss Unerkennung, eisen groussen Respekt, eisen groussen Merci.

Si all sinn Garant fir all déi memorabel musikalesch Highlights, déi eis alldeeglech vill freedech a glécklech Stonnen bereeden.

Si all sinn Kultur. Merci villmools.

 

Jeannot Clement

 

 

(Auszig aus der Ried vum Gerenalsekretär vun der UGDA um Kongress 2015)


d'UGDA informéiert, Kongress 2015 from PRO SOUND & MEDIA on Vimeo.


d'UGDA informéiert, Mai 2015 from PRO SOUND & MEDIA on Vimeo.



 
REVUES MUSICALES

04/2015

rm2015

03/2015

02/2015

01/2015



     

05/2014

04/2014

03/2014

02/2014

01/2014


       

04/2013

03/2013

02/2013

01/2013

 

       

05/2012

04/2012

03/2012

02/2012

01/2012







 
BROCHURES CONGRES FEDERAL
 

2015

2014

2013

2013

 





 
 
BROCHURES ASSEMBLEE GENERALE MUTUELLE
 


2014


2013

 








 


Kulturel Aktivitéiten


Divertimento asbl
vice-président/secrétaire
 

Amis du Brass-Band du Conservatoire de musique d'Esch-sur-Alzette
membre du conseil d'administration
www.esch.lu


Escher Majoretten
président d’honneur


Chorale "Lidderfrënn" Mondercange
président d'honneur
www.lidderfrenn.lu

Orchestre symphonique Le Cercle, Rumelange
président d'honneur
www.lecercle.lu

Ensemble à Plectre municipal Esch
président d’honneur
www.ensemble-a-plectre.com